Responsabel fir de Service Social (m/w)

Responsabel fir de Service Social (m/w)

Ref: « ARS-0119 »

Är Aufgaben:

 An Zesummenaarbecht mat enger multidisziplinärer Equipe geréiert Dir d’Waardelëscht an Dir organiséiert déi nei Admissiounen,
 Dir moderéiert, koordinéiert an huelt a verschiddenen Aarbechtsgruppen deel,
 Dir hëlleft a lauschtert de Bewunner an hirem Ëmfeld no,
 Dir suergt derfir dass eise Bewunner déi néideg Assistenz, Orientatioun an Ënnerstëtzung zoukënnt,
Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,
Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,
Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.

Är Qualifikatioun:

Dir hutt en sozial-pädagogeschen Diplom mat enger Qualifikatioun fir de soziale Secteur an och d’Erlaabnis äre Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben,
Dir hutt gutt Kenntnisser vum sozialen Ëmfeld zu Lëtzebuerg a besonnesch wat d’Assurance Dépendance an d’Krankeversécherung betrëfft,
Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfäegkeet sinn Är Stäerkten,
Dir hutt gutt Kenntnisser am Domaine vun der Gériatrie, der Gérontologie an an der Fleeg,
Dir sidd kontaktfreedeg an hutt dat néidegt Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat de Bewunner an hirem Ëmfeld,
Dir hutt kee Problem schrëftlech Texter ze verfaassen,
Dir beherrscht d‘lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Franséisch an Däitsch

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten, da schéckt eis w.e.g Är Demandë mat Liewenslaf an eng rezent Foto bis spéitestens de 8. Februar 2019 un:

CIPA Gréngewald
Här Patrick REDING
Direkter
8, Routscheed  L-6939 NIEDERANVEN

Sodexo Luxembourg - Service Ressources Humaines

39, ZA Bourmicht - L-8070 Bertrange

E-mail : Recrutement.FMS.LU@sodexo.com

Tél. : (00352) 26.109.200